10/03: Journée mondiale du rein: découvrez le témoignage positif de Chantal Godart, dialysée depuis 29 ans au CHL

10/03: Journée mondiale du rein: découvrez le témoignage positif de Chantal Godart, dialysée depuis 29 ans au CHL

A l'occasion de cette journée mondiale du rein, nous vous invitons à découvrir le témoignage positif de Chantal Godart, dialysée depuis 29 ans au CHL.

"Ech si séit 29 Joer an der Dialyse, a verbrénge vill Stonnen am CHL.  

Ech war och schonn eemol transplantéiert an hunn zeg aner Operatiounen hannert mer. Dat kascht vill mental a kierperlech Energie an dofir hunn ech mir ee flotten Ausgläich gesicht an dat ass Danzen; Danze bréngt mir ganz vill an hëlleft mer och an net esou gudden Zäiten. Obwuel et méi ustrengend ass ee „normaalt“ Liewen ze féieren, ginn ech schaffen, fueren trotz allem an d' Vakanz a verbréngen Zäit mat Famill a Frënn. Ech probéieren een normaalt Liewen ze féieren, obwuel Dialyse ganz vill Platz anhëlt.

Et geet net nëmmen duer an d'Spidol ze goen et huet een och vill aner Contrainten, wei oppassen wat ech iessen an drénken. No der Dialyse ass een oft midd an et fillt een sech wei wann een e Marathon hannert sech hätt.
 
D'Spagat tëschent deenen zwou Welten ass komplizéiert, mee ech sinn dankbar fir all  Dag deen ech genéisse kann. Ech soen och der ganzer Equipe vun der Dialyse, déi ëmmer fir hier Patienten do si fir di schlecht an di gutt Zäiten, ee grousse Merci.
 
Fir och ob Thema Organspenden opmierksam ze maachen, hunn d'Patienten an Personal zesummen ee flotte Projet realiséiert an ee flotte Video gedréint.
"
 
Chantal Godart